
© KEVIN C. COX / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
No hirer Single "The Middle" am Joer 2018 huet de Zedd nach eng Kéier mam Maren Morris zesummegeschafft.
Fakten:
De russesch-däitschen DJ a Produzent Zedd huet scho ganz fréi ugefaangen an huet mat 4 Joer scho Piano gespillt. Säit 2012 huet hien an Amerika da seng DJ-Karriär gestart. Elo ass hien zeréck mat senger neier Single "Make You Say" zesumme mat der Sängerin Maren Morris an de Produzente vu Beauz. D'Single huet déi typesch Zedd-Sounds mat dobäi a gëtt vum Maren Morris senger Power-Stëmm ënnermoolt. Doduerch ass eng Single entstanen, déi Loscht op Party mécht, awer trotzdeem relax ze genuch ass fir doheem gelauschtert ze ginn.
Aussergewéinleches:
Am Joer 2018 hat den Zedd schonn eng Kéier mam Maren Morris zesummegeschafft. Deemools haten si hier Single "The Middle" erausbruecht, déi ganz vill um Radio gelaf ass an trotzdeem op de grousse Festivallen een Hit war. A genee dat ass warscheinlech och dem Zedd säin Erfolleg.
Fréier Hits:
Dem Zedd säin éischte groussen Hit war d'Single "Clarity" am Joer 2012. Mat dëser huet hien sech déi éischte Kéier international een Numm gemaach. Och wann duerno nach Lidder wéi "Stay", "The Middle" doder "Happy Now" erauskomm sinn, dierf trotzdeem "Clarity" a kengem vu senge Sets feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Alesso, Afrojack, Galantis