De belschen DJ ass zeréck mat senger neier Single "Chemical High".

Fakten:

De jonke belschen DJ a Produzent Lost Frequencies huet een ustrengende Summer hannert sech. Trotzdeem ass hien elo zeréck mat enger ganz neier Single. "Chemical High" ass eng bësse méi roueg House Single bei der d'Melodie vun elektronesche Gittaren an engem zimmlech "vintage" kléngendem Keyboard gespillt gëtt. Et mengt ee bal den DJ géif sech am Moment éischter mat méi relaxer Musek wuelfillen.

Aussergewéinleches:

De jonke belschen DJ wunnt net ganz wäit wech vu Lëtzebuerg, wat dann och mat sech bréngt, dass hien an deene leschte Joren déi eng oder aner Kéier och hei am Land opgeluecht huet. Fir de Rescht ass hien dann awer éischter op deene ganz groussen Events ënnerwee.

Fréier Hits:

Zum Lost Frequencies senge ganz groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Where Are You Now" oder "Are You With Me" déi bis haut nach a kengem Set vun him dierfe feelen a scho richteg EDM Hymne gi sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

DJ Snake, The Chainsmokers, Sam Feldt