Haut stelle mer der brittescher Indie-Rock Band Sophie and the Giants hir nei Single vir.

Fakten:

Déi jonk brittesch Indie-Rockband Sophie and the Giants ass nach net esou ganz laang an der Museksbranche ënnerwee. Lo hunn si awer hir nei Single "We Own The Night" released. An dësem Lidd sangen si vun der Fräiheet déi ee wärend dem Party maache ganz dacks huet. Mat dem klasseschem 80er Sound mécht d'Single dann oft definitiv och Loscht feieren ze goen.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2020 huet d'Band hiren éischten Erfolleg zesumme mam DJ a Produzent Purple Disco Machine an hirer Single "Hyptonized" gehat. Mat dëser Single ass déi deemools nach ganz nei Band och dann direkt déi éischte Kéier an déi international Charts erageklommen.

Fréier Hits:

Bis elo ass definitiv "Hyptonized" dee gréissten Hit vun der Band. Mee awer och "In The Dark" huet op Spotify schonn eng ganz Rei Millioune Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Alice Merton, Pascal Letoublon, Dardust