Haut presentéiere mir déi nei Kollaboratioun vum Yves V a Conor Maynard!

Fakten:
Dem Haddaway säin 1993er-Hit "What Is Love" gehéiert ouni Zweifel zu de legendärsten Dance-Tracks iwwerhaapt. De Produzent Yves V huet de Klassiker elo zesumme mam brittesche Singer/Songwriter Conor Maynard an d'21. Joerhonnert geholl. Den Original gëlt als Meilesteen an der Geschicht vun der Dance-Musek. De Song huet gehollef déi elektronesch Musek an den 90er fir d'éischt an de Clubs an duerno och an den Charts populär ze maachen. An iwwer 10 Länner stoung den Haddaway mat sengem Song iwwer Libeskummer op der Eent.

Aussergewéinleches:
De Yves V huet schonn op Festivals ewéi Mysteryland, Sensation oder Tomorrowland gespillt. Samschdes den 10. September kënnt de Belsch bei eis op Lëtzebuerg a wäert als ee vun de groussen Headliner um LOA Festival opleeën. Hei kënnt dir iech är Ticketen sécheren!

Fréier Hits:
Nieft sengen Erfolleger op der Bün huet den Yves V och schonn eng Partie gréisser Singles erausbruecht. Dozou zielen ënnert anerem "Not So Bad (feat. Emie)", "We Got That Cool (feat. Afrojack & Icona Pop) oder "Echo".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Sick Individuals, VINAI, NERVO oder Firebeatz