
© AFP/EMMANUEL DUNAND
De Sir Elton John huet seng Kollaboratioun mam Britney Spears endlech released.
Fakten:
Laang hunn d'Fans op dëse Song misse waarden. Nodeems et scho vill Rumeuren an esouguer Spoiler op de soziale Medie vum Lidd "Hold Me Close" goufen, ass d'Lidd zesumme mam Britney Spears lo endlech offiziell released ginn. Eigentlech ass d'Lidd net komplett nei, mee den Elton John huet sech hei u sengem Klassiker "Tiny Dancer" aus dem Joer 1971 inspiréiere gelooss.
Aussergewéinleches:
Op TikTok war dës Single dann och lo scho virun e puer Wochen opgetaucht. Domadder wéisst den Elton John och, dass hien och no sou ville Joren am Museksbusiness nach ëmmer um neiste Stand ass an och mat der moderner Technik matgeet. Hien passt och seng Musek un a bléift domadder warscheinlech och fir déi méi jonk Generatioun interessant als Museker.
Fréier Hits:
Den Elton John ass an de 70er Joren duerch Lidder wéi "Rocket Man", "Crocodile Rock" oder "Goodbye Yellow Brick Road" berüümt ginn. Bal 50 Joer méi spéit huet hien dann nach ëmmer sou vill Erfolleg wéi zum Beispill mam Lidd "Cold Heart" zesumme mam Dua Lipa.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Billy Joel, Ed Sheeran, Chicago