Déi zwee Museker hunn zesummen ee Song released, deen de Spirit vu Kuba soll eriwwerbréngen

Fakten:

Den Alvaro Soler an de Nico Santos kennen sech schonn zimmlech laang an och hier Musek ass net esou wäit vuneneen ewech. Fir de Fernseesender VOX waren déi zwee Museker zesummen zu Kuba wou si sech un der kubanescher Musek an dem Flair vun der Insel inspiréiere gelooss hunn. Dobäi ass dann och hier nei Single "Candela" entstanen, déi soll d'Gefill vu Fräiheet a gudder Laun soll erëmginn. Wann een d'Single héiert, da falen engem och déi typesch kubanesch Musekselementer op, déi déi zwee Museker hei an hier Single mat afléisse gelooss hunn.

Aussergewéinleches:

De 7. Oktober 2022 wäert den Alvaro Soler dann och endlech hei zu Lëtzebuerg am Kader vu senger "Magia" Tournée am Atelier op der Bün stoen. Nodeems de Concert lo scho puermol verréckelt huet misse ginn, soll en awer lo definitiv de 7. Oktober stattfannen. D'Tickets déi bis elo kaaft gi si behalen hire Wäert. Leider ass de Concert Sold Out mee eventuell kann ee jo mat Chance nach een Ticket an eiser Ticket-Bourse fannen.

Fréier Hits:

Den Alavaro Soler ass scho laang keen onbekannte méi an der Museksbranche. Mee spéitstens mat sengem Album "Magia" aus dem Joer 2021 huet den däitsch-spuenesche Museker all Rekorder gebrach. Hien stoung a villen däitsch a spueneschsproochege Länner an den Charts a konnt sech wierklech och laang hei halen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Enrique Iglesias, Ricky Martin, Luis Fonsi