Haut stelle mer déi nei Single vun der rumänescher Sängerin INNA vir.

Fakten:

Déi rumänesch Sängerin INNA ass schonn eng ganz Zäit an der Museksbranche mat dobäi. Déi neiste Single vun der dräi-fach Gewënnerin vum European Music Award an der Kategorie "Best Romanian Act" ass eng zimmlech relax Single déi EDM Musek mat Pop vermëscht. Dobäi kennt een Track raus, dee perfekt zu enger relaxer Afterwork Stëmmung bei engem gudde Cocktail passt.

Aussergewéinleches:

D'INNA huet awer net nëmme Musek bis elo a sengem Liewe gemaach. Viru senger Karriär huet hat eng Ausbildung op enger Ekonomie a Politik Schoul gemaach.

Fréier Hits:

Duerch säin Hit "Hot" ass d'INNA eigentlech bekannt ginn an dunn huet seng Karriär och esou richteg ugefaangen duerchzestarten. Bis haut huet d'Musekerin dann och schonn 11 Studioalben erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Antonia, Kate Linn, Otilia