Déi jonk amerikanesch Musekerin huet seng nei Single "God Has A Sense Of Humor" released.

Fakten:

Och wann d'Gayle réischt 18 Joer huet, huet hat an deene leschte Joer awer schonn eng zimmlech spektakulär Karriär hannert sech. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger neister Single "God Has A Sense Of Humor", déi dann och op senger neier EP "a study of the human experience volume two" mat drop wäert sinn, déi de 7. Oktober 2022 wäert erauskommen. An der Single séngt d'Gayle dovunner dass een heiansdo mol d'Welt méi positiv oder negativ gesäit. Hat wier awer trotzdeem der Meenung dass herno awer all Mënsch soll dat bescht draus mécht.

Aussergewéinleches:

D'Gayle ass duerch TikTok bekannt ginn an huet der Videoplattform nawell vill ze verdanken. Säin Hit "abcdefu" war doduerch zum Mega-Hit ginn an op der ganzer Welt viral gaangen.

Fréier Hits:

2020 ass dem Gayle seng éischt Single "Z" erauskomm, mat der hat déi éischt Schrëtt a senger musikalescher gemaach huet. 2021 huet Gayle dunn awer all Rekorder mat senger Single "abcdefu" gebrach a stoung wochelaang ganz uewen an den internationalen Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Leah Kate, emlyn, JESSIA