De brittesche Museker Yunblud huet lo säin drëtte Studioalbum released

Fakten:

Mat 16 Joer ass de brittesche Museker Yungblud op London gaange fir sech hei komplett op d'Musek ze konzentréieren. Am Joer 2017 ass du seng musikalesch Karriär richteg lass gaangen. Lo huet de Museker dann och säin neien an drëtten Album "Yungblud" released gehat. Op dësem ass dann och d'Single "Tissues" mat drop. Dës Single ass dann eigentlech och bëssen een anere Stil wéi een dat vum Museker gewinnt ass. Hei séngt hie vu Gléck, Euphorie a vum lassloossen.

Aussergewéinleches:

Rock´n´Roll ass beim Dominic Harrison alias Yungblud wuel ugebuer. Säi Grousspapp war an de 70er als Member vun der Rockband T-Rex ee Megastar. An och de Yungblud kann d'Gittar einfach net aus dem Grapp leeën.

Fréier Hits:

Mat sengem Debütalbum „21st Century Liability“ vun 2018 huet deen 21 Joer alen Yungblud alias Dominic Harrison sech bekannt gemaach.  Säi séiere Gesang erënnert un den Jamie T., säi briteschen Accent un d'Arctic Monkeys, a seng Energie un The Clash.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Mod Sun, Goody Grace, Waterparks