
© Eldoradio
Den australesche Museker Dean Lewis huet eng ganz emotional Single erausbruecht.
Fakten:
Den australesche Singer a Songwriter huet eng nei a ganz emotional Single mam Numm "How Do I Say Goodbye" erausbruecht. Dës Single wollt den Dean Lewis sengem Papp widmen. Dës Single huet de Museker geschriwwe gehat, nodeems bei sengem Papp Kriibs diagnostizéiert gouf. Den Dean Lewis sot dann och an engem Interview dass hie wärend dem schreiwe vum Song och huet missen heiansdo ophale vue dass et ze emotional fir hie war.
Aussergewéinleches:
Den australesche Museker Dean Lewis huet sech als Kand schonn d'Gittar spille selwer bäibruecht. Am Joer 2016 huet hien dunn awer réischt seng éischt Single "Waves" déi an och op senger éischter EP "Same Kind Of Different" mat drop war. Den Dean Lewis wäert dann och am Kader vu senger Tournée hei zu Lëtzebuerg ee Concert spillen. De Concert wäert de 16. Oktober 2022 am Atelier stattfannen.
Fréier Hits:
Dem Dean Lewis seng bekanntste Song ass d'Single "Be Alright" mat der hien et och an Australien bis op d'Platz 1 gepackt hat. Awer och seng Zesummenaarbecht mam DJ Martin Garrix bei der Single "Used To Love" huet dem Museker gehollef nach méi bekannt ze ginn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Tom Walker, Etam, Noah Kahan