
© Eldoradio
Den US-amerikanesche Sänger huet seng ganz nei Single "Smells Like Me" released.
Fakten:
Den amerikanesche Singer a Songwriter Charlie Puth huet no sengem groussen Hit "Light Switch" lo seng neiste Single "Smells Like Me" erausbruecht. An dëser Single séngt den Charlie Puth dovunner, dass een sech an enger Bezéiung vun enger Persoun trennt mee een déi nach gär huet. Wärenddeem huet déi aner Persoun awer schonn eng nei Persoun. Den Charlie Puth séngt dovunner dass een sech heiansdo dann alt géif wënschen dass engem seng Jacket alt nach no der Persoun géif richen.
Aussergewéinleches:
"Smells Like Me" ass dann och déi véiert Single schonn, déi de Sänger am Virfeld vu sengem neien Album "Charlie" erausbruecht huet. Dem Charlie Puth säin drëtten Album wäert dann de 7. Oktober op de Marché kommen. De Museker huet dann och op TikTok ganz dacks seng Fans dobäi gehat wann hien um Album geschriwwen huet.
Fréier Hits:
Mat "See You Again", un der Säit vum Wiz Khalifa huet den Charlie Puth 2015 fir eng éischte Kéier op sech Opmierksam gemaach a gouf direkt zu engem Mega-Hit. Och beim Youtube Video gouf een neie Rekord opgestallt an d'Lidd war direkt fir 3 Grammys nominéiert. "Marvin Gaye", "One Call Away" an och "Attention" si weider Charlie Puth-Hits.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
DNCE, MAX, Nick Jonas