Déi amerikanesch Sängerin Ava Max huet seng neiste Single "Million Dollar Baby" released.

Fakten:

Déi amerikanesch Sängerin Ava Max huet mat senger Single "Million Dollar Baby" eng modern Single released, déi definitiv un der Musek aus den 80er Joren inspiréiert ass. An der Single verschafft d'Musekerin seng Gefiller déi hat traureg gemaach hunn. D'Ava Max huet sech mat dëser Single rëm misse selwer soen, dass hat alles iwwerstoe kéint an och net u sech selwer soll zweiwelen.

Aussergewéinleches:

Nodeems d'Ava Max virun e puer Méint seng Single "Maybe You're The Problem" released hat, huet hat de Startschoss fir säin neien Album "Diamonds & Dancefloors" gesat. "Million Dollar Baby" ass da lo déi zweet Singleauskopplung fir der Sängerin säin neien Album deen Ufanks 2023 soll op de Marché kommen.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der Sängerin gehéiere Lidder wéi "Sweet but Psycho" oder och "Kings & Queens". Mat dëse Lidder ass d'Ava Max op der ganzer Welt bekannt ginn an huet och eng Rei Präisser domadder gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mabel, Rita Ora, Camila Cabello