Déi kanadesch Newcomerin Jessia huet eng nei Single released.

Fakten:

Déi jonk kanadesch Newcomerin huet mat senger neier Single "One Of The Guys" ee Lidd released, wat mol eng Kéier bësse méi rockeg kléngt wéi een dat an der moderner Pop-Musek esou kennt. D'Sängerin séngt dovunner, dass een sech heiansdo "friend-zoned" obwuel een eigentlech vun deenen zwou Säite méi erwaart. Heiansdo wieren einfach d'Hiweiser net kloer genuch an da géif et einfach net zu enger Bezéiung kommen.

Aussergewéinleches:

Dem Jessia seng Single "I'm Not Pretty" war op TikTok esou séier bekannt gi, dass d'Musekerin gemengt hat d'App hätt ee Feeler. An Zäit vun e puer Stonnen hat d'Lidd scho Millioune Views kritt. Dës war da natierlech och op der Sängerin sengem Debut-Album "Who Are You?" mat drop.

Fréier Hits:

D'Sängerin ass am Joer 2021 duerch säin Hit "I'm not Pretty" berüümt ginn. Dësen ass op Tik Tok explodéiert an huet de Platin-Status a Kanada erreecht. D'Single stoung dann och op der 4ter Platz an de Kanadeschen Charts a gouf iwwer 220 Millioune mol gestreamt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Rita Ora, Dua Lipa, Tove Lo