De Norwegeschen DJ ass zeréck mat senger Single "Woke Up In Love" bei der hien sech nawell interessant Ënnerstëtzung geholl huet.

Fakten:

De Norwegeschen DJ a Produzent Kygo huet sech fir seng aktuell a nei Single "Woke Up In Love" mam Produzent Gryffin an dem brittesche Pop Sänger Calum Scott zesummegedoen. De Kygo hat dëse Song dann och scho ganz exklusiv firun e puer Wochen a sengem Set a Mexiko gespillt gehat. An der Single héiert ee kloer dem Kygo seng typesch Musekselementer eraus, déi vum Calum Scott senger klorer Stëmm ofgeronnt ginn. Eng relax Single déi mol um Radio awer och op enger grousser Festivalbün ka gespillt ginn.

Aussergewéinleches:

De Kygo huet dann och an engem Interview verroden, dass hien am Moment amgaang wier am Studio u sengem neien a véierten Album ze schaffen. Wéini dësen awer genee op de Marché kennt ass awer nach net gewosst.

Fréier Hits:

De Kygo huet 2016 säin éischten Album "Cloud Nine" erausbruecht an ass säitdeem net méi ze bremsen. Hien bréngt ee Radio-Hit no dem aneren eraus. Dozou gehéieren dann och Lidder wéi "It Ain't Me", "Firestone" oder och "Higher Love". Och op de Festivallen ass hie gär gesinn a suergt mat senger Musek ëmmer rëm fir gutt Stëmmung.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Martin Jensen, Mike Perry, Sigala