Den däitsche Produzenten-Trio ClockClock ass zeréck mat hirer neier Single "Someone Else".

Fakten:

Den däitschen Trio ClockClock besteet eigentlech aus zwee Produzenten an engem Sänger. Elo ass den Trio dann zeréck mat hirer aktueller Single "Someone Else". D'Melodie gëtt vun de Beats ugedriwwen a vum Sänger Bojan senger Stëmm ofgeronnt. Am Text geet et eigentlech dorëms, dass de Sänger a senger Bezéiung nach mat verschiddene Problemer ze kämpfen huet. Hien géif mierken, dass hien einfach net dee richtege fir seng Partnerin wier an déi definitiv besser mat engem aneren dru wier. Also eng ganz deep an emotional Single.

Aussergewéinleches:

Zesumme mam Dj-Projet Glockenbach hunn ClockClock am Joer 2021 zwou Singlen released. Duerch den Hype vu Glockenbach kruten och ClockClock nach eng Kéier bësse méi Unerkennung an d'Singlen sinn international richteg duerchgestart. Am Joer 2023 wäert ClockClock dann och déi éischte Kéier an Europa op Tournée goen.

Fréier Hits:

Zu de gréissten Hits vum Trio gehéieren da Lidder wéi "Brooklyn" oder "Redlight" mat deenen si et fir d'éischt an d'Charts an Däitschland an Éisträich gepackt haten, ier d'Singlen dann international un Berüümtheet gewonnen hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Glockenbach, narou, Some Sprouts