De Lewis Capaldi ass zeréck mat sengem éischte Song säit 2019.

Fakten:

Ëm de 26 Joer ale schottesche Sänger Lewis Capaldi war et nawell an deene leschten 3 Joer zimmlech roueg ginn. Elo ass de Sänger no senger leschter Single am Joer 2019 awer mat engem neien Track zeréck. "Forget Me" ass déi neiste Single vum Sänger an, wéi een dat vum Lewis Capaldi eigentlech scho gewinnt ass, e relativ rouegen Track. Am Lidd séngt de Lewis Capaldi vun enger Trennung, déi hien huet missen duerchmaachen. Déi Zäit ass et him och richteg schlecht gaangen an hie wosst net wéi hie weider maache soll.

Aussergewéinleches:

Och wann d'Single eigentlech een zimmlech trauregen Text huet, ass de Video awer ëmsou méi witzeg. Beim Museksvideo vun der Single "Forget Me" huet de Lewis Capaldi sech um Video vu Wham! an der Single "Club Tropicana" inspiréiert. Hien huet de Video komplett nogestallt a suergt am Moment dermadder an England fir Stëmmung op alle Videoplattformen. Et ass also definitiv derwäert sech och de Video vun der Single unzekucken.

Fréier Hits:

Dem Lewis Capaldi seng gréissten Hits bis elo ware mat Sécherheet "Someone You Loved" a "Before You Go" mat deenen hien op Spotify scho Millioune Streams erreecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Dean Lewis, James Arthur