De britteschen DJ a Produzent Sigala huet sech fir seng neiste Single nawell prominent Hëllef gefrot.

Fakten:

Nodeems de britteschen DJ a Produzent Sigala schon zu Ibiza am Ushuaïa zesumme mam David Guetta opgeluecht huet, huet hien sech dann och lo fir seng neiste Single "Living Without You" de franséischen DJ als Co-Produzent mat dobäi geholl. Fir d'Single awer nach mat enger imposanter Stëmm ofzeronnen, hunn sech déi zwee DJ'en dann nach de Sam Ryder mat an d'Boot geholl. Doraus ass eng realx Party-Single entstanen, déi definitiv am Ouer hänke bléift.

Aussergewéinleches:

Sigala ass de Kënschtlernumm vum Londoner Museker Bruce Fielder. Mat 8 Joer huet hien Piano geléiert. Nom Abi huet hien a verschiddene Bands gespillt. Am Abrëll 2015 huet hien op Soundcloud d'Single "Easy Love" eraus bruecht, déi et op Plaz 1 vun de britteschen Charts gepackt huet.

Fréier Hits:

De Bruce Fielder alias Sigala gouf 2015 europawäit bekannt wéi hien de Song "Easy Love" eraus bruecht huet, ee Lidd wat op engem Sample vun "ABC" vun den Jackson Five aus dem Joer 1970 baséiert. Dono koum d'Single "Sweet Lovin'", déi och e groussen Hit gouf . Mat "Give Me Your Love" an "Came Here for Love" koume weider Hitsingelen dobäi. Mat "Lullaby" soll lo deen nächsten Erfolleg kommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Felix Jaehn, Jonas Jones, Bakermat