Déi brittesch Sängerin huet den Track "B.O.T.A." released an ass amgaang op TikTok extrem viral domadder ze goen.

Fakten:

Déi brittesch Musekerin an DJane Eliza Rose huet viru kuerzem seng neiste Single "B.O.T.A." released gehat an erlieft grad wéi vill modern Kënschtler ee risegen Hype op der Plattform TikTok. An der Single geet et haaptsächlech em Saachen déi d'Musekerin am Moment beweegt. Hei ass zum Beispill rieds vu Konscht, Diversitéit oder och vu verschiddene Liewensweisen.

Aussergewéinleches:

Eigentlech ass d'Eliza Rose scho säit Joren an der brittescher DJ-Underground Zeen ënnerwee an huet sech hei ee Numm gemaach. An Zwëschenzäit huet d'Musekerin awer och déi éischt Festivallen hei an Europa gespillt, vue dass säin Hype duerch TikTok him dës Dier opgemaach huet.

Fréier Hits:

Bis dëst Joer huet déi brittesch Kënschtlerin awer nach kee wierklech groussen Hit erausbruecht gehat. Vue dass d'Eliza Rose éischter an der Underground Zeen ënnerwee war war "B.O.T.A." wierklech déi éischt Mainstream Single.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ewan McVicar, Cody Currie, Ben Hemsley