Déi lëtzebuergesch Sängerin Tyra huet haut seng neiste Single "Underwater" erausbruecht.

Fakten:

Déi 26 Joer al lëtzebuergesch Sängerin Tyra huet 2017 ugefaangen seng eege Lidder ze schreiwen an och am Studio beim Tom Gatti opzehuelen. Elo ass d'Tyra zeréck mat senger neister Single "Underwater" déi dovunner handelt, dass een sech heiansdo géif fille wéi wann een a sengen Emotiounen a senge Gefiller géif erdrénken. Wann een ze laang un enger toxescher Bezéiung géif festhalen, da géifen et ee wäit erofzéien, bis een op engem Déifpunkt ukomm wier.

Aussergewéinleches:

Déi aktuell Single "Underwater" ass dann och déi éischt Singleauskopplung vum Tyra sengem éischten Album "Redemtion", deen den 10. Februar 2023 op de Marché soll kommen. Den Album ass da mam Ulrich Hilbel a mam Tom Gatti entstanen. Fir d'Tyra ass de Songwriting eppes wéi eng Therapie bei der een alles a Wierder faasse kann, wat ee bedréckt.

Fréier Hits:

Säit 2017 ass d'Tyra schonn an der Museksbranche ënnerwee. Säin gréissten Hit bis elo war awer seng Single "Dream Girl", déi immens gutt ukomm ass an déi scho scho méi wéi 130.000 mol op Spotify gelaf ass. Mat dëser hat hat et deemools och an d'Top 10 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt gehat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Seanna, RHEA, Akelee