Den Elektro-Trio Clean Bandit ass zeréck mat enger ganz neier Single

Fakten:

De britteschen Elektro-Trio Clean Bandit huet zesumme mam brittesche Singer a Songwriter French The Kid wéi och dem nigerianesche Rapper Rema déi nei Single "Sad Girls" released. Et ass een Track entstanen, deen direkt fir gutt Vibes suergt an och am Ouer hänke bléift. Ënnerluecht ass d'Single da mat de klassesche Beats vu Clean Bandit, déi fir de néidegen Drift suergen.

Aussergewéinleches:

Eigentlech huet sech d'Band Clean Bandit am Joer 2008 zu Cambridge zu 5 Musker gegrënnt. Eng kuerz Zäit méi spéit waren et da just nach 4 Leit ier et dann lo säit 2016 just nach een Trio ass. Bis elo hu Clean Bandit dann och réischt an deene ganze Jore just zwee Studioalben erausbruecht.

Fréier Hits:

Eng ganz Partie Singele vu Clean Bandit hunn sech scho ganz an den  offizielle Singlecharts placéiert, ënner anerem "Solo",  "Rockabaye" an "Rather Be".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Calvin Harris, The Chaismokers, Zedd