Den däitsche Folk-Duo Milky Chance huet eng nei ganz melancholesch Single erausbruecht.

Fakten:

No hirer leschter Single "Synchronize" huet den däitsche Pop-Rock-Duo Milky Chance lo hier neiste Single mam Numm "Troubled Man" released. D'Single ass bësse méi roueg an handelt dovunner, dass een sech heiansdo a senger Welt onwuel a net richteg fillt an dës am léifste géif verloossen. Dës Single soll dann och Deel vun hirem neien Album "Trip Tape II" sinn. Wéini dësen erauskënnt ass awer nach net gesot ginn.

Aussergewéinleches:

Di 2 Berliner Museker hunn d'Coronapandemie och bësse konnte genéissen. Si haten endlech mol rëm gutt Zäit sech op hir Musek ze konzentréieren. Natierlech ass et och schued dass een net konnt live optrieden, mee sou konnten si eng Rei nei Lidder produzéieren. Hei haten si ënnert anerem och hire grousse Radio-Hit Colorado geschriwwen.

Fréier Hits:

Milky Chance haten hire gréissten Hit an och hiren internationalen Duerchbroch am Joer 2013 mat der Single "Stolen Dance" mat der si och eng Rei Wochen an den internationale Charts positionéiert waren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Portugal.The Man, Von Wegen Lisbeth, Leoniden