
© Eldoradio
Haut stelle mer dem däitschen DJ Felix Jaehn säin neien Track "Call It Love" vir.
Fakten:
Den däitschen DJ a Produzent Felix Jaehn, dee jo och dëst Joer um LOA als Headliner gespillt huet, huet seng neiste Single "Call It Love" zesumme mam Sänger Ray Dalton released. Wéi een et vum Felix Jaehn gewinnt ass, ass et eng danzbar Single déi éischter am EDM Genre doheem ass. Dat ganz gëtt dann awer mam Ray Dalton senger bësse méi roueger Stëmm ofgeronnt. Trotzdeem ee Song deen um Radio awer och an enger Disco definitiv fir Stëmmung ka suergen.
Aussergewéinleches:
No sengem Optrëtt um LOA am September huet de Felix Jaehn eis dann och am Interview gesot gehat, dass hien an deenen nächste Méint keng Optrëtter géif spillen, mee hie géif sech déi Zäit huele fir kennen an Südamerika ze goe fir bëssen ze backpacken. Hien wéilt sech einfach dreiwe loossen an sech erhuelen ier et dann nächste Summer rëm mat de Festivallen lass geet.
Fréier Hits:
Quasi alles wat de Felix Jaehn produzéiert gëtt en Hit. Hei just e puer Beispiller aus deene leschte Joren: "I Got A Feeling", "One More Time", "I Just Wanna", "Close Your Eyes", "Hot 2 Touch", etc. Dem däitschen DJ säi leschte groussen Hit war d'Single "Do It Better" zesumme mat der Sängerin Zoe Wees. Mat dëser stoung hien a ganz Europa ganz uewen an den Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Lost Frequencies, Alle Farben