Funk ass d'Motto vum neie Red Hot Chili Peppers Album an dat héiert een dann och natierlech an der Single "The Drummer"

Fakten:

D'Red Hot Chili Peppers mellen sech zeréck mat hirem neien an zweeten Album fir d'Joer 2022. No "Unlimited Love" hunn si lo de Longplayer "Return of the Dream Cateen" op de Marché bruecht. Op dësem ass dann och eisen Xclusiv vun haut "The Drummer" mat drop. Hei mierkt een direkt, dass den Album wesentlech méi funky ass wéi een dat an dene leschte Jooren vun der Band gewinnt war. En erënnert éischter un hir fréier Albe wéi "Blood Sugar Sex Magic" oder "Mother's Milk", déi 1989 an 1991 erauskomm waren.

Aussergewéinleches:

Den 1. Abrëll war de Red Hot Chili Peppers hiren éischten Album "Unlimited Love" fir dëst Joer erauskomm. Knapp 6 Méint duerno ass et da lo deen zweete Longplayer vun der Band. Op dësen zwee Alben ass et dann och rëm de Gittarist John Frusciante deen ze héieren ass. Hien gëllt als funky Inspiratioun bei der Band a war schonn zwee mol als Comeback zeréck bei d'Band komm.

Fréier Hits:

Zu deenen bekanntsten Hits déi d'Band bis elo rausbruecht huet gehéiere mat Sécherheet Lidder wéi "Can't Stop", "Under the Bridge" oder och "Californication". Dat sinn awer just e puer vun hiren Hits aus deene leschte 40 Joer Bandgeschicht. Op bal all Album ware mindestens e puer Hits mat drop, wat aus hinnen eng vun deene bekanntste Rockbands gemaach huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Audioslave, The Smashing Pumpkins, Pearl Jam