Haut stelle mer déi nei Single vun de Produenten Alok a Sigala zesumme mam Ellie Goulding vir.

Fakten:

Fir déi ganz nei Single "All By Myself" hunn sech déi zwee DJ a Produzenten Alok a Sigala mat der brittescher Sängerin Ellie Goulding zesummegedoen. Doraus ass eng poppeg Dance Single entstanen, déi perfekt an déi aktuell Zäit passt. D'Single passt perfekt an den Hierscht an ass duerch dem Ellie Goulding seng markant Stëmm perfekt fir de Schluss vum Summer ze feieren. Eventuell kann engem an der Single dann och opfalen, dass gewëssen Deeler un eng aner grouss Band erënneren.

Aussergewéinleches:

An der neier Single hunn sech d'Produzenten Alok a Sigala och mol rëm eng Kéier un engem bësse méi ale Klassiker orientéiert. Wann een d'Single "All By Myself" lauschtert, dierft engem nämlech opfalen, dass der Band Depeche Mode hir Hitsingle "Enjoy The Silence" mat agebaut gouf. Eigentlech ass et och gutt fir Depeche Mode, déi esou nach eng Kéier Opmierksamkeet eventuell vun enger anerer Fangemeinschaft kréien.

Fréier Hits:

Am Joer 2018 ass den Alok duerch säin Hit "Hear Me Now" international berüümt ginn an ass säit deem net méi opzehalen. haut gehéiert hien zu deene gréissten DJ'en an der Zeen an huet Remixe vu vill Pop-Museker released. Awer och Lidder wéi "Don't Say Goodbye" oder "Piece Of Your Heart" gehéieren zu deene ganz groussen Erfolleger vum DJ.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Bruno Martini, Galantis, Dubdogz