Haut stelle mer déi nei Single vum däitsch-spuenesche Sänger Nico Santos vir, dee virun e puer Méint jo och hei zu Lëtzebuerg gespillt huet.

Fakten:

Den däitsch-spuenesche Singer a Songwriter Nico Santos huet mat "One Day (I'm Gonna Break Your Heart)" seng neiste Single erausbruecht, an der hie mol eng Kéier net vu sech selwer a senge Gefiller séngt. De Museker ass nämlech säit engem Joer glécklech bestuet. Bei dëser Single geet et dës Kéier ëm eng Geschicht aus dem Museker sengem noen Ëmfeld, déi hien hei ganz emotional erzielt. Trotz dem bësse méi schwéierfällegem Text ass d'Single awer definitiv keng Trauer-Nummer mee éischter geduecht fir no vir ze kucken.

Aussergewéinleches:

Den 20. Mee 2022 hat de Nico Santos jo endlech säi laang erwaarte Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt gehat. Och hei zu Lëtzebuerg huet de Museker eng ganz grouss Fanbase, déi esouguer eng ganz Rei Stonne virum Concert well virun zouenen Diere virum Atelier gewaart hunn fir de Museker vu ganz vir aus kennen ze erliewen.

Fréier Hits:

Zum Nico Santos senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi "Play With Fire" "Rooftop" oder "Better". Mat dëse war hien och wäit iwwert d'Grenze vun Däitschland bekannt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Alvaro Soler, Mike Singer, LEA