Haut stelle mer der jonker Sängerin Gayle seng neiste Single "snow angels" vir.

Fakten:

Mat senge jonken 18 Joer ass déi amerikanesch Sängerin Gayle elo zeréck mat senger neister Single "snow angels". D'Single ass dann och op der neier EP "a study of the human experience volume two" mat drop, déi de 14. Oktober erauskomm ass. De Sound vun der Single ass rëm wéi een dat vum Gayle scho gewinnt ass zimmlech 2000er gepräägt. An der Single séngt d'Musekerin dovunner, dass d'Liewen ze kuerz ass fir sech opzereegen an sech a senge Problemer ze verléieren.

Aussergewéinleches:

D'Gayle ass duerch TikTok bekannt ginn an huet der Videoplattform nawell vill ze verdanken. Säin Hit "abcdefu" war doduerch zum Mega-Hit ginn an op der ganzer Welt viral gaangen.

Fréier Hits:

Mat sengem jonken Alter vu just 18 Joer huet d'Gayle dann och schonn säin éischte groussen Hit mam Lidd "abcdefu" gehat, wat op TikTok extrem viral gaange war an doduerch och an déi international Charts mat ageklomme war. Hei hat sech d'Single dann och iwwer Woche laang gehalen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Leah Kate, emlyn, JESSIA