Haut stelle mer iech déi nei Single "Hungry (For Love)" vum schotteschen DJ-Duo LF System vir.

Fakten:

Och wann et de schotteschen DJ-Duo LF System réischt säit 2 Joer gëtt, sinn si awer och schonn zimmlech bekannt ginn. Viru kuerzem hunn si dann och elo hir neiste Single "Hungry (For Love) released, déi eng modern Versioun vum klasseschem Disco-Sound aus de 70er an 80er Joren ass. Doduerch suergt dës Single och direkt dofir, dass een am léifsten direkt géif drop danzen.

Aussergewéinleches:

Wéi och scho bei hirer leschter Single "Afraid to feel" hunn sech LF System och bei hirer aktueller Single un engem bësse méi aale Klassiker orientéiert an dëse gesampelt. Dës Kéier hunn déi zwee Produzenten sech fir d'Single "Hungry" vu Sandy's Gang aus dem Joer 1976 inspiréiert. Doduerch kennt dann och de klasseschem Disco-Sound zeréck an déi modern Versioun.

Fréier Hits:

Am Joer 2020 hunn LF System mat der EP "WiB" déi éischt zwee Tracks erausbruecht. Dat nämmlecht Joer koum dann och schonn déi zweet EP "We Can't Be Dreaming" eraus. Deen éischte bësse méi grousse Succès hat den Duo da réischt am Joer 2021 mam Lidd "Dancing Cliché". AN Zukunft wäert een awer nach warscheinlech déi eng oder aner Kéier vum DJ-Duo héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Purple Disco Machine, Felix Jaehn, Lost Frequencies