
© Eldoradio
No 14 Joer ass de Peter Fox endlech rëm zeréck mat sengem Solo-Projet an enger neier Single.
Fakten:
Nodeems déi éischt Concerte vum däitsche Rapper Peter Fox ugekënnegt gi waren, hunn d'Fans natierlech op nei Musek gewaart. An elo ass se endlech do, déi ganz nei Single "Zukunft Pink", an der de Peter Fox zesumme mat der Sängerin Inéz Schaefer vun Akzeptanz a vun de Problemer déi et am Moment op der Welt ginn. D'Single mécht rëm Hoffnung op besser Zäiten a sou sinn dann och Zeile wéi "Ey, schwarz, weiß, straight, gay, / Liebe für alle und für mich selbst! / Power to the people, / Frauen rulen die Welt." Wierder déi aus dem Peter Fox einfach ee Museker maache bei dem den Inhalt vun den Texter nach ëmmer zum Nodenken ureege soll.
Aussergewéinleches:
Am Joer 2008 huet de Peter Fox, deen ee jo och als Frontsänger vun der Band Seeed kennt säi leschte Solo-Album "Stadtaffe" released gehat. Mat dësem hat hien sech definitiv een Numm gemaach a gëllt nach bis haut, 14 Joer méi spéit als Meilesteen an der däitscher Hip-Hop Zeen. 14 Joer hunn d'Fans als misse waarde bis et endlech rëm nei Musek vum Peter Fox gouf. Eventuell kennen sech och nach vill Leit un dem Peter Fox säi mega Optrëtt deemools um Rock-A-Field Festival 2009 erënnere wou hie komplett ofgerappt hat.
Fréier Hits:
Mat sengem bis elo eenzegen Album "Stadtaffe" hat de Peter Fox sech deemools am Joer 2008 an d'Charts katapultéiert. Bis haut gëtt den Album nach ëmmer geféiert a fir vill Fans war et dohier een zimmleche Schock wéi de Museker deemools gesot huet dass hie géif ophalen als Solo-Kënschtler.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Seeed, Jan Delay, Fettes Brot