De franséische Rapper huet seng neiste Single "Maintenant" erausbruecht.

Fakten:

De franséische Rapper Gims huet viru kuerzem seng neiste Single "Maintenant" erausbruecht. Dës Single kléngt dann awer liicht méi poppeg wéi een dat vum Rapper bis elo gewinnt war. D'Single ass och bëssen un den 80er Vibes inspiréiert mee huet awer trotzdeem déi néideg Beats déi dorausser eng Rap-Single maachen. Am Lidd séngt de Gims dann och iwwert seng Onsécherheeten an dass een ëmmer no vir muss kucken. "Maintenant" soll dann och um Rapper sengem neien Album sinn, deen am Dezember 2022 nach soll op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

De Gims war bis an d'Joer 2019 ënnert sengem Kënschtlernumm "Maître Gims" bekannt ginn. Am Fréijoer vum Joer 2019 huet hien dësen allerdéngs geännert an ass säitdeem just nach als Gims opgetrueden. Laang viru senger Solokarriär war hien awer scho mat sengem Kollektiv "Sexion d'Assaut" musikalesch ënnerwee. Hei hunn si bis elo och 4 Studioalben erausbruecht gehat.

Fréier Hits:

De Rapper Gims huet schonn am Joer 2013 säin éischte Solo-Album "Subliminal" op de Marché bruecht gehat. Bis haut huet hien awer vill Lidder released gehat, déi grouss rauskomm sinn. Hei sinn zum Beispill "J'me tire" oder "Est-ce-que tu m'aimes" just zwee Beispiller fir Lidder déi extrem viral gaange sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Stromae, Soprano, Sexion d'Assaut