
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer dem Rosa Linn seng neiste Single "WDIA" vir, déi hat zesumme mam Duncan Laurence released huet.
Fakten:
D'Sängerin Rosa Linn, wat mer jo schonn duerch seng Hitsingle "Snap" kennen huet sech mam hollännesche Sänger Duncan Laurence zesummegedoen an déi ganz nei Single "WDIA (Would Do It Again" released. Fir d'Musekerin war d'Zesummenaarbecht och speziell, vue dass se net wéi dat hautzedaags dacks de Fall ass just iwwer Internet war, mee si ware wierklech zesummen am Studio an hunn vill Zäit matenee verbruecht.
Aussergewéinleches:
Beim Eurovision Song Contest 2022 an Italien ass Armenien nëmmen 20. ginn. Zwee Méint duerno ass et trotzdeem den armenesche Bäitrag "Snap" deen nohalteg dee gréissten Erfolleg feiert. Duerch d'Plattform TikTok ass de Song viral gaangen a stoung Wochen nom ESC op eemol a ganz Europa an den Charts. Den Duncan Laurence hat am Joer 2019 déi éischt Platz beim ESC mam Song "Arcade" fir Holland gewonnen.
Fréier Hits:
Op den offizielle Kanäl vum Rosa Linn, fënnt een nieft "Snap" just nach ee Release mam Titel "KING". Dësen ass d'lescht Joer virum Hype erauskomm an huet deementspriechend däitlech manner Streams a Views. Soss ass wéi gesot net wierklech vill iwwert d'Armenierin bekannt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Of Monsters And Men, Mumford & Songs & Matt Sanders