Den däitsche Sänger Mark Forster huet e Joer no sengem Album lo eng nei Single released.

Fakten:

Nodeems am Joer 2021 dem däitsche Sänger Mark Forster säi leschten Album "Musketiere" erauskomm war, ass hien elo zeréck mat senger neier Single "Memories & Stories". Nodeems säin Album bësse méi roueg war, ass dës Single awer rëm méi poppeg ginn. An der Single geet et wéi de Titel et jo scho veréit ëm Erënnerungen déi de Mark Forster an deene leschte Jore gemaach huet, sief dat mat Famill oder och mat Kolleegen.

Aussergewéinleches:

Déi nei Single "Memories & Stories" vum Mark Forster ass och Deel vum neien "Die Drei ???" Film deen de 26. Januar 2023 wäert an de Kino kommen .

Fréier Hits:

De Mark Forster ass definitiv aus der däitschsproocheger Musekszeen net méi ewechzedenken. Zu senge groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Au Revoir" zesumme mam Sido, "Übermorgen" oder och "Chöre". Mat dëse Lidder stoung hien dann och wochelaang an den däitsche Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Wincent Weiss, Max Giesinger, Luca Hänni