Haut stelle mer déi nei Kollaboratioun vum Joel Corry an dem Tom Grennan vir.

Fakten:

Fir hier neiste Single hunn sech den DJ a Produzent Joel Corry an de brittesche Singer a Songwriter Tom Grennan zesummegedoen. Dobäi ass déi peppeg EDM Single "Lionheart" entstanen, déi vum Tom Grennan senger markanter Stëmm ënnermoolt gëtt. Den Joel Corry huet an engem Interview gesot, dass hien dës Single sou wollt produzéieren, dass een se op der Mainstage vun engem Festival kéint spille mee gläichzäiteg och am Radio lafe kéint loossen.

Aussergewéinleches:

Ier hien DJ ginn ass, war den Joel Corry un der Säit vu senger deemoleger Frëndin an der brittescher Reality-TV-Show "Geordie Shore" ze gesinn. Schwéier ze iwwersinn ass donieft, dass hie voll am Training dran ass. Déi Leidenschaft huet hien och genotzt fir eng eege Fitness-App "Joel Corry PT" an eng Mark fir Sportskleeder "Most Rated" op de Marché ze bréngen.

Fréier Hits:

Esouwuel den Joel Corry ewéi och den Tom Grennan konnten an deene leschte Jore grouss Erfolleger feieren. Den Joel Corry konnt säin Duerchbroch mat "Head & Heart" feieren. Duerno koumen Hits ewéi "Bed" oder aktuell och "Out Out". Dem Tom Grennan seng gréissten Hits ware bis elo "Little Bit Of Love" a "Remind Me".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Sam Fender, Ed Sheeran, Tom Walker