No enger laanger Paus huet d'Rihanna endlech rëm eng nei Single op de Marché bruecht.

Fakten:

Laang wat et lo roueg ëm déi amerikanesch Sängerin Rihanna ginn. An deene leschte Joren ass keng nei Musek méi op de Marché komm mee dat ass elo eriwwer. Mat senger neier Single "Lift Me Up" ass Rihanna éischter mat méi enger roueger an emotionaler Single zeréck komm. Dës Single wäert dann och Deel vum neie Marvel Film sinn: Black Panther: Wakanda Forever" sinn. D'Fans hoffen natierlech dass lo nach méi nei Musek oder esouguer een neien Album wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

Dass an deene leschte Joren net sou vill Musek vum Rihanna erauskomm ass, louch ënnert anerem dorunner, dass hat dëst Joer déi éischte Kéier Mam ginn ass. Awer och an anere Sparten huet d'Rihanna Gas ginn. Elleng an dem leschte Joer hat d'Musekerin mat senger Make-Up Mark a senger Ënnerwäsch-Mark Firmaen am Wäert vu ronn 1,7 Milliarden Dollar.

Fréier Hits:

Warscheinlech kann een sou zimmlech vun all Lidd vum Rihanna behaapten dass et een Hit ginn ass. Awer Lidder wéi "Umbrella" "Don't Stop The Music" oder "Love The Way You Lie" zesumme mam Eminem sinn der Sängerin seng gréissten Hits. Mat dëse stoung d'Rihanna dann och international iwwerall ganz uewen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Beyoncé, Katy Perry, Demi Lovato