Haut presentéiere mir iech deen neie Mashup vum Post Malone, Mark Morrison a Sickick!

Fakten:
Den amerikanesche Rapper Post Malone ass aktuell op Tour ënnerwee. Dat huet hien awer net dru gehënnert elo en neien Track erauszebréngen. Heibäi handelt et sech ëm e Mash-Up vum Posty senger Single "Cooped Up" an dem Mark Morrison sengem 96er-Hit "Return Of The Mack". Produzéiert gouf de Song vum kanadesche Produzent Sickick, deen och zum Beispill schonn dem Madonna säin Hit "Frozen" nei gemixed hat.

Aussergewéinleches:
"Cooped Up" ass am Fong déi zweet Single vum Post Malone sengem leschten Album "twelve carat toothache". De Mark Morrison hat an den 90er e puer Top-10-Singles, "Return Of The Mack" ass awer mat Ofstand seng erfollegräichst. De Song gouf virun e puer Joer zum Beispill scho vun Nevada nei interpretéiert, elo krut en en neit Liewen als Mash-Up mat "Cooped Up". Dësen ass dann och direkt viral gaangen, huet Millioune Views op YouTube an honnertdausende Creations op TikTok an Instagram.

Fréier Hits:
Scho mat sengem Debut-Album "White Iverson" huet dem Post Malone seng Karriär 2011 Faart opgeholl. Spéitstens 2018 sollt hie mam Release vu sengem zweeten Album "Beerbongs & Bentleys" zum Mega-Star ginn. Hei ware Songs ewéi "Rockstar (feat. 21 Savage)" oder "Psycho" mat drop. Och duerno koume weider grouss Erfolleger ewéi "Sunflower (feat. Swae Lee)" oder "Circles".

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Drake, G-Eazy & Jack Harlow