Haut stelle mer dem Benson Boone seng ganz nei an emotional Single "Before You" vir.

Fakten:

Den US-amerikanesche Singer a Songwriter Benson Boone huet mat sengen 20 Joer schonn eng zimmlech grouss Fanbase, déi hien ënnert anerem iwwer TikTok erreescht huet. Elo ass hien zeréck mat senger neier Single "Before You", déi net sou traureg soll eriwwer komme wéi seng lescht Lidder. An dëser Single geet et nämlech net ëm Trennunge mee mol eng Kéier ëm d'Hoffnung an dass een ëmmer optimistesch an d'Zukunft soll kucken. De Benson Boone huet gesot, dass hien hofft, dass dës Single genee sou emotional wichteg fir seng Fans gëtt wéi se fir hien ass.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2021 huet de Benson Boone dann och bei der bekannter Fernsee Sendung "American Idol" matgemaach. Hei huet hien sech awer op eemol entscheet d'Sendung ze verloossen an sech selwer ëm seng Karriär ze beméien. Kuerz drop huet de Benson Boone dann och säin éischte Kontrakt mat enger Plackefirma ënnerschriwwe gehat.

Fréier Hits:

Am Oktober 2021 hat de Sänger seng éischt eege Single "Ghost Town" erausbruecht gehat. Mat dëser stoung hien dann och a puer Lännger an den Charts. A Norvegen huet hien esouguer de Platin-Status erreecht. Am Februar ass dunn déi zweet Single "Room For 2" erauskomm. Am Juli 2022 mat "Walk Me Hom..." seng éischt EP op de Marché komm gewiescht.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Thomas Day, Zach Hood, Rachel Grae