Déi amerikanesch Hip-Hop Grupp Black Eyed Peas huet hir neiste Single "Simply The Best" released.

Fakten:

Déi US-amerikanesch Band Black Eyed Peas huet sech mat der brasilianescher Sängerin Anitta an dem Rapper El Alfa zesummegedoen an déi nei Single "Simply The Best" released. An der Single déi wéi een et vun der Band kennt nach ëmmer zimmlech am Latin-Style ass, geet et drëm, dass een ëmmer säint Bescht soll gi fir am Liewe virun ze kommen. D'Single wäert dann och op dem neien Album vun der Band sinn, deen den 11. November ënnert dem Numm "Elevation" wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

D'Band The Black Eyed Peas hunn sech am Joer 1995 gegrënnt an haten hiren Duerchbroch an de fréien 2000er Joren zesumme mat der Sängerin Fergie a Songs wéi "Pump It" oder "Mas Que Nada". Bis 2010 krut d'Band dann och scho 6 Grammys a vill aner Präisser. Viru kuerzem hunn si dann och dës Hits all hei zu Lëtzebuerg presentéiert, wéi si beim Open Air Belval op der Bün stoungen

Fréier Hits:

De leschten Album "Translation" vun The Black Eyed Peas hat ganzer 4 Nummer-1 Hits mat dobäi. D'Single "Ritmo" huet esouguer 2 mol Platin-Status erreecht a stoung 24 Wochen op der Platz 1 vun de Billboard Hot Latin-Charts.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Flo Rida, Taio Cruz, Pitbull