"Medizin" ass schonn déi zweet Single vum Sido sengem neien Album "PAUL" deen am Dezember wäert erauskommen.

Fakten:

De Sido dierft warscheinlech jidderengem bekannt sinn. Elo ass hien zesumme mam Rapper Jamule zeréck mat senger neister Single "Medizin", an der hien ënnert anerem iwwert seng Alkohol- an Drogesucht séngt. Dës Single wäert dann och zesumme mat senger leschter "Versager" mat op sengem neien Album "PAUL" sinn, deen de 9. Dezember 2022 wäert op de Marché kommen. Och bei dëser Single mierkt een, dass de Sido sech definitiv méi Gedanken ëm seng Vergaangenheet mécht an och seng Feeler agesäit a probéiert seng méi jonk Fans do virdrun ze warnen. D'Single ass dann och definitiv méi elektronesch wéi een dat vum Museker gewinnt ass.

Aussergewéinleches:

Den däitsche Rapper war schonn déi eng oder aner Kéier bei eis am Land fir ee Concert ze spillen. Mat sengem neien Album "PAUL" wäert hien de 29. Oktober 2023 an der Rockhal optrieden. Fir dëse Concert kann een sech dann och nach Tickets op atelier.lu kafen.

Fréier Hits:

De Sido ass an de fréien 2000er Jore mat sengem Kollektiv "Aggro Berlin" bekannt ginn. Deemools nach mat enger Mask un a bësse méi graffen Texter huet hie séier op sech opmierksam gemaach. An deene leschte Joren ass hien duerch Lidder wéi "

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Kool Savas, Marteria, Prinz Pi