Déi lëtzebuergesche Sängerin ass zeréck mat senger neister Single "Karma".

Fakten:

Déi 26 Joer al lëtzebuergesch Sängerin Tyra huet 2017 ugefaangen seng eege Lidder ze schreiwen an och am Studio beim Tom Gatti opzehuelen. Déi 26 Joer al lëtzebuergesch Sängerin Tyra huet seng neiste Single "Karma" released, an dem et dorëms geet dass een net soll vergiesse wat engem säi Wäert ass an ee sech net vun anere Leit soll erofzéie loossen. D'Tyra huet dës Single direkt no enger Trennung geschriwwen, wärend der hat gemierkt huet dass hat eppes besseres verdéngt hätt.

Aussergewéinleches:

Déi aktuell Single "Karma" ass dann eng Singleauskopplung vum Tyra sengem éischten Album "Redemtion", deen den 10. Februar 2023 op de Marché soll kommen. Den Album ass da mam Ulrich Hilbel a mam Tom Gatti entstanen. Fir d'Tyra ass de Songwriting eppes wéi eng Therapie bei der een alles a Wierder faasse kann, wat ee bedréckt.

Fréier Hits:

Säit 2017 ass d'Tyra schonn an der Museksbranche ënnerwee. Säin gréissten Hit bis elo war awer seng Single "Dream Girl", déi immens gutt ukomm ass an déi scho scho méi wéi 130.000 mol op Spotify gelaf ass. Mat dëser hat hat et deemools och an d'Top 10 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt gehat. Seng lescht Single war d'Lidd "Underwater", wat déi éischt Singleauskopplung vum neien Album war.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Seanna, RHEA, Akelee