Bei dësem Song treffen zwou Gréissten aus der aktueller Punk-Musek openeen.

Fakten:

"Punk's Not Dead" hunn sech warscheinlech och d'Avril Lavigne an de Sänger Yungblud geduecht, wéi se hir aktuell Single "I'm A Mess" released hunn. Déi modern Pop-Punk Single wäert dann och um Avril Lavigne sengem neien Album "Love Sux" mat drop sinn, deen de 25. November soll op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

D'Single "I'm A Mess" ass awer net déi éischt Kollaboratioun tëschent dem Avril Lavigne an dem Yungblud. Am Joer 2021 haten si schonn zesummen d'Single "I'm With You" erausbruecht, an der ee schonn erkenne konnt, dass déi zwee nawell zimmlech gutt matenee funktionéieren. Op Instagram ass dann och an engem Post ze gesinn, wéi de Yungblud amgaang ass dem Avril Lavigne seng Hoer ze schneiden. Falls dat mat der Musek net klappe sollt, kéint hien also och nach als Coiffeur schaffen.

Fréier Hits:

D'Avril Lavigne ass an deene leschte Joerzéngten duerch Lidder wéi "Sk8er Boi", "Complicated" oder och "What The Hell" bekannt ginn. Séier war hat ee festen Deel vun der Punk-Zeen an der hatt sech bis haut fest etabléiert huet.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Demi Lovato, Kelly Clarkson, Jessie J