De brittesche Sänger huet eng nei Single aus sengem nächsten Album "There's Nothing But Space, Man" erausbruecht.

Fakten:

De Sam Ryder ass no sengem grandiose Concert hei zu Lëtzebuerg elo zeréck mat senger neister Single "All The Way Over" zeréck. An dëser bësse méi roueger Single probéiert de Sam Ryder all deenen ze Hëllefen, déi entweder an Trauer sinn oder ee Verloscht ze verschaffen hunn. Hien well mam Lidd dëse Leit bëssen Trouscht bidden an hire schwéieren Zäiten.
Eigentlech sollt den  Album "There's Nothing But Space, Man" am November rauskommen. De Release-Datum gouf awer lo dräi Wochen no hanne geréckelt ginn op de 9. Dezember.

Aussergewéinleches:

De Sam Ryder ass duerch säin Hit "Space Man" bekannt ginn, deen him déi zweet Platz beim Eurovision Song Contest bruecht huet. Hei war hie fir Groussbritannien ugetrueden an huet et sou just net op déi éischt Platz gepackt. Vue dass säi Song awer immens gutt bei de Leit ukomm ass, konnt de Sam Ryder dann och wärend dem Grousse Präis vun der Formel 1 an England optrieden.

Fréier Hits:

"Space Man" war dem Sam Ryder seng éischt grouss Hit-Single déi hie bis elo rausbruecht huet. mat dëser ass hien och op der ganzer Welt bekannt ginn. Nodeems hie bekannt gi war, sinn dann och aner Lidder wéi "Tiny Riot" oder "Whirlwind" nach méi bekannt ginn. Mir kennen eis awer op jiddefalls op dem Museker säin éischten Album am Oktober freeën.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

JC Stewart, Tom Grennan, Will Young