Den Tiësto huet sech fir seng neiste Single Ënnerstëtzung vun der kanadescher Sängerin Tate McRae geholl.

Fakten:

"The Washington Post" beschreift hien als "beschten DJ op der Welt", "Billboard" huet hien op den Numm "The Godfather of EDM" gedeeft. Den Hollänner Tiesto gehéiert zanter 2 Joerzéngten zu de ganz grousse Stare vun der Seenen. Hien huet mat deene gréisste Kënschtler zesumme geschafft, a gouf esouguer mat engem Grammy ausgezeechent. Elo huet den Tiesto sech zréck gemellt mat senger neier Single "10:35". An dëser EDM-Single huet hie mat der kanadescher Sängerin Tate McRae zesummegeschafft an doduerch ass eng Party-Single entstanen déi vun engem catchy Gesang ënnermoolt gëtt.

Aussergewéinleches:

Den Tiësto huet sech am Alter vun 8 Joer schonns Intresséiert fir DJ ze sinn.2000 am Alter vun 31 Joer huet hien säin Duerchbroch gefeiert,a gelt zënter hier als ee vun deene wichtegsten DJ`en Weltwäit. Den Tijs Michiel Verwest wei den Tiësto richteg heescht, ass fir vill Museker an aner DJ`en eng Art Mentor.

Fréier Hits:

Den Tiësto gehéiert mëttlerweil schonn zu de ganz groussen DJen aus der engleschsproocheger Musekszeenen. 2000 konnt hien den Duerchbroch mat senger Remixversion zu "Silence" vun Delerium feieren. Déi lescht zwee Joer huet hien och nach eng Kéier gutt ugerappt a Lidder wéi "Pump It Louder", "Don't Be Shy", oder "Hot In It" released gehat.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Martin Garrix, R3HAB, Martin Jensen