Déi amerikanesch Sängerin huet viru kuerzem seng neiste Single "Made You Look" erausbruecht, déi ee seriöt Thema behandelt.

Fakten:

Déi amerikanesch Sängerin Meghan Trainor hat säi groussen Duerchbroch mat der Single "All About That Bass". Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger neister Single "Made You Look". An dësem Lidd huet d'Sängerin sech duerch seng Onsécherheet a punkto Kierperbild inspiréiere gelooss. No senger Schwangerschaft war sech d'Meghan Trainor net méi sécher op hat nach gutt genuch géif ausgesinn a war doduerch och bei engem Therapeut. Dësen hat him dunn d'Aufgab ginn sech einfach all Dag 5 Minutte plakeg ze kucken an sech doduerch rëm besser ze fillen.

Aussergewéinleches:

De Song ass eigentlech den 21. Oktober op de Marché komm. Witzegerweis konnt een de Video zu der Single awer déi éischt 24 Stonne just op der App vum Spill "Candy Crush Saga" ze gesinn. D'Single wäert dann och um Meghan Trainor sengem neien Album "Takin' It Back" mat drop, dee viru kuerzem erauskomm ass.

Fréier Hits:

2014 gouf d'Sängerin mam Song "All About That Bass" bekannt. An dësem Song am 50er-Joeren-Doo-Wop-Stil geet et ëm d'Avantagë vu méi korpulente Fraen. Awer och Lidder wéi "Like I'm Gonna Lose You" zesumme mam John Legend oder "Dear Future Husband" gehéieren nach ëmmer zu der Sängerin senge ganz groussen Hits aus deene leschte Joerzéngten.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Fifth Harmony, Ariana Grande, Selena Gomez