
© Youtube Screenshot
De brittesche Singer a Songwriter huet mat "Forget Somebody" eng nei Single bëssen am Retro-Stil gemaach.
Fakten:
De 27 Joer ale Singer a Songwriter Tom Gregory huet 2017 seng éischt Single "Run To You" erausbruecht gehat. Elo 5 Joer méi spéit huet hie lo säin neisten Track "Forget Somebody" erausbruecht. De Sound vun der Single ass dës Kéier dann och manner roueg mee bësse méi retro-rockeg ugehaucht. Et mierkt een op jiddefalls direkt, dass den Tom Gregory sech un den 80er Joren inspiréiert huet. Den Track soll dann och um Museker sengem nächsten Album mat drop sinn, deen Enn 2022 oder Ufanks 2023 soll erauskommen.
Aussergewéinleches:
Mat 16 Joer huet den Tom Gregory a senger brittescher Heemecht bei „The Voice“ matgemaach. Eng zimmlech batter Erfarung. De Sänger gouf schonn an der éischter Ronn eliminéiert. Deemools duecht hien sech, hie wier net gutt genuch. Dono louch de Fokus mol op der Schauspillerei. Den Tom huet fir 5€ d'Stonn am Theater geschafft a krut eng Roll an der BBC TV-Serie „The A Word“.
Fréier Hits:
Den Tom Gregory ass duerch Lidder éi "Footprints", "River" oder "Never Let Me Down" bekannt ginn. Och wann hien eigentlech réischt säit 5 Joer Musek mécht, huet hien awer scho vill Fans mat senger Musek begeeschtert. Säi leschten Album "Things i Can't Say Out Loud" aus dem Joer 2021 huet him dann och nach eng Kéier gehollef seng Fanbase ze vergréisseren.
Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Matt Simons, Max Giesinger, Olly Murs