Déi amerikanesch Sängerin ass zeréck mat senger neister Single "Never Gonna Not Dance Again"

Fakten:

Och mat sengen 43 Joer ass d'Pink nach ëmmer ganz wäit uewen an der Museksbranche mat dobäi. Elo ass d'Sängerin dann zeréck mat senger neister Single "Never Gonna Not Dance Again" an der hat musikalesch beschreift, dass hat sech ee Liewen ouni Danzen a Sangen net virstelle kéint. De Sound vun der Single suergt definitiv fir gutt Laun. Funky Vibes maachen dëst Lidd zu enger Single déi op kengem Dancefloor feelen dierf.
Ob dës Single dann och een Hint op een neie Studioalbum ass, ass awer nach net gesot ginn. Mee et kéint een sech et op jiddefalls virstellen.

Aussergewéinleches:

D'Pink gehéiert säit den Ufanks 2000er Joren zu deene bekanntste Musekerinnen op der Welt an huet mat méi wéi 40 Millioune verkaaftenen Alben och gewisen dass hat ganz uewe matspille kann. Mee d'Pink ass net nëmme fir seng Musek bekannt mee och fir déi ganz dacks seriö Texter a senge Lidder déi och mol politesch kenne ginn.

Fréier Hits:

Am Joer 2000 koum säin Debutalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berüümt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette