Den däitsche Sänger Tim Bendzko huet mat "Alleine In Paris" een Track vu sengem nächsten Album released.

Fakten:

Den däitsche Singer a Songwriter Tim Bendzko huet mat "Alleine In Paris" seng neiste Single released, an der hien seng Nolauschterer mat an d'Staat vun der Léift hellt. Wann een sech d'Single ulauschtert, da mierkt en dass dem Tim Bendzko seng aktuell Lidder bësse méi poppeg gi sinn. "Alleine In Paris" ass dann och schonn déi véiert Single-Auskopplung vu sengem neien Album deen d'nächst Joer am Mäerz wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

Mat sengem neien Album geet den Tim Bendzko natierlech och op grouss "APRIL Clubtour". No de sechs Concerten am Abrëll (Köln, Frankfurt, Stuttgart, Leipzig, Hamburg a Berlin), huet de Museker elo aacht weider Concerte fir Oktober 2023 ugekënnegt. Nieft München, Heidelberg, St. Vith oder Bremen kënnt hien dann och zeréck op Lëtzebuerg, dës Kéier an den Atelier.

Fréier Hits:

Mat Lidder ewéi "Wenn Worte meine Sprache wären", "Nur noch kurz die Welt retten", "Keine Maschine" oder "Hoch" ass den Tim Bendzko grouss erauskomm. Elo huet de Berliner säin neien a fënnefte Studio-Album "APRIL" ugekënnegt, deen den 31. Mäerz 2023 erauskënnt. Am Ganzen solle spéider da 15 Tracks um Album mat drop sinn.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Andreas Bourani, Pietro Lombardi, Johannes Oerding