Déi brittesch Band huet 2019 hire leschten Album released. Elo sinn si zeréck mat engem neie Song.

Fakten:

Déi brittesch Rock-Band Kaiser Chiefs gouf am Joer 2003 gegrënnt an ass mat Lidder wéi "Ruby" oder " I Predict A Riot" bekannt ginn. Elo sinn si no 3 Joer Paus zeréck mat hirer neister Single "How 2 Dance", déi nawell vum Sound hier bësse méi funky ugehaucht ass. An der Single geet et dorëms am stressegen Alldag heiansdo och mol einfach lasszeloossen an einfach ze danzen. Hei soll een einfach maache wéi et engem gefält an et soll een sech keng Gedanke maachen, wat déi aner Leit vun engem denken. Ob d'Lidd och een neien Album mat sech bréngt ass dann awer nach net gesot ginn.

Aussergewéinleches:

Wann ee bedenkt dass d'Kaiser Chiefs eng brittesch Band sinn an zu Leeds gegrënnt goufen, dann ass de Fakt dass si no enger Südafrikanescher Fussballekipp benannt gi sinn. De Sänger an de Gittarist haten dann awer och virdru schonn eng Band gehat. Dës huet "Parva" geheescht a gouf réischt am Joer 2003 a Kaiser Chiefs ëmgenannt.

Fréier Hits:

2009 war der Band hire ganz groussen Duerchbroch mam Album "Off With Their Heads" op dem Lidder wéi "Ruby" oder "Never Miss A Beat" mat drop gewiescht. Dës  Lidder waren dann och als Soundtrack fir d'Spill "Pro Evolution Soccer 2010" benotzt ginn.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Franz Ferdinand, The Killers, Razorlight