De Grammy-präisgekréinten DJ Afrojack huet sech mam brittesche Sänger James Arthur zesummegedoen.

Fakten:

Den hollänneschen DJ Afrojack ass säit Joerzéngten an der Museksbranche ënnerwee an huet well deen een oder anere grousse Festival-Hit released. Elo ass hien zeréck mat senger bësse méi roueger Single "Lose You" zesumme mam brittesche Singer a Songwriter James Arthur. D'Single ass anescht wéi een et vum Afrojack gewinnt ass éischter keng déi lo um Festival leeft mee éischt bësse méi roueg a poppeg.

Aussergewéinleches:

Den Afrojack gehéiert säit sengem Duerchbroch net nëmme méi zu deene ganz grousse Produzente mee hien ass och op all Festival ënnert den Headliner ënnerwee. Seng Live-Sets vu Festivallen wéi dem Tomorrowland oder dem EDC Las Vegas goufe Millioune mol op Youtube gelauschtert.

Fréier Hits:

Am Joer 2011 huet den Afrojack säi groussen Hit mam Lidd "Give Me Everything" gehat. Duerno war hien net méi ze bremsen a Lidder wéi "Ten Feet Tall" oder "Dirty Sexy Money" gehéieren nach haut an all Set vun him.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Nicky Romero, DubVision, Laidback Luke