Déi Londoner Indie-Pop Band Bastille huet mat "Hope For The Future" hiren neisten Track op de Marché bruecht.

Fakten:

Och wann d'Single "Hope For The Future" vun der brittescher Band Bastille schonn op hirem aktuellen Album "Give Me The Future" mat drop war, ass d'Single lo nach eng Kéier eenzel mat engem extra Museksvideo released ginn. An dësem bësse méi emotionale Video probéiert d'Band d'Balance tëschent Hoffnung a Realitéit ze beschreiwen. Am Video ginn dann och eng Rei Zeene vun der Klimakatastroph gewisen. D'Single selwer ass dann awer och bësse méi roueg wéi een dat bis elo vun der Band Bastille gewinnt ass.

Aussergewéinleches:

Den Album "Give Me The Future", deen de 4. Februar 2022 op de Marché komm ass, ass immens gutt bei de Fans ukomm a stoung och fir eng ganz laang Zäit ganz uewen an den internationalen Charts.

Hei kenn der iech och nach eng Kéier eisen Albumcheck komplett duerchliesen!

Fréier Hits:

Déi brittesch Indie-Rockband ass duerch hire groussen Hit "Pompeii" aus dem Joer 2013 berüümt ginn. Awer och d'Single "Things We Lost In The Fire" huet d'Band un d'Spëtzt vun den internationalen Charts katapultéiert. Nach haut lafen dës Lidder vill op de Radiostatioune weltwäit.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Of Monsters and Men, Walk The Moon, Imagine Dragons