Déi amerikanesch Sängerin Ava Max ass zeréck mat senger neister Single "Weapons".

Fakten:

Ufanks 2022 huet déi amerikanesch Musekerin Ava Max schonn seng éischt Single "Maybe You're The Problem" erausbruecht an huet domadder d'Charts onsécher gemaach. Elo ass d'Sängerin zeréck mat sengem neisten Track "Weapons", an dem hat probéiert ze soen, dass ee Wieder net soll als Waff benotzen. D'Single "Weapons" wäert dann och um neien Album "Diamonds & Dancefloors" mat drop sinn, deen de 27. Januar 2023 wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

D'Ava Max ass am Joer 1994 ënnert dem Numm Amanda op d'Welt komm. Mat 13 Joer huet d'Musekerin awer fir sech entscheet just nach ënnert dem Numm Ava opzetrieden. Wéi d'Ava Max dunn op Los Angeles wunne gaangen ass fir seng Musekskarriär ze lancéieren. Hei huet hat dann um Ufank just vun 20 Dollar d'Woch gelieft.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der Sängerin gehéiere Lidder wéi "Sweet but Psycho" oder och "Kings & Queens". Mat dëse Lidder ass d'Ava Max op der ganzer Welt bekannt ginn an huet och eng Rei Präisser domadder gewonnen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Mabel, Rita Ora, Camila Cabello