Déi däitsch-amerikanesch Musekerin Kim Petras huet mat "If Jesus Was A Rockstar" seng neiste Single released.

Fakten:

Déi däitsch-amerikanesch Musekerin Kim Petras huet viru kuerzem réischt seng lescht Hit-Single "Unholy" zesumme mam Sam Smith op de Marché bruecht. Un dësem Erfolleg wëll d'Musekerin dann och lo mat senger neister Single "If Jesus Was A Rockstar" uknäppen. De Sound vun der Single ass definitiv poppeg a bleift direkt am Ouer hänken. An der Single séngt d'Kim Petras dann dovunner wéi et ass sech als Mënsch op dëser aktueller Welt ze fillen.

Aussergewéinleches:

Eigentlech ass d'Kim Petras zu Köln am Joer 1994 op d'Welt komm. Fir seng musikalesch Karriär ze pushen huet d'Kim Petras awer entscheet op Los Angles ze plënneren. Am Alter vu 15 Joer huet hatt dunn ugefaangen och seng éischt eege Lidder ze schreiwen a séier huet hatt an der Branche Fouss gefaasst.

Fréier Hits:

D'Kim Petras huet am Joer 2018 säin éischten Album "Turn Off The Light" op de Marché bruecht gehat, deen him nawell eng Rei Dieren an der Museksbranche opgemaach huet. Aktuell ass d'Musekerin dann international an den Charts vertrueden an dat mat senger Kollaboratioun mam Sam Smith an der Single "Unholy" déi immens gutt ukomm ass.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Allie X, Shygirl, Chase Icon